Den August Macke an de Franz Marc hunn d'Opfaassung vertrueden, datt all Mënsch eng ënnerlec an eng baussecht Erliefneswierklechkeet huet, déi duerch d'Konscht soll zesummegefouert ginn. Déi Iddi gouf vum Kandinsky theoreetesch ënnermauert. Ugestrieft gouf eng Gläichberechtegung vun de Konschtformen.
Den Numm vun der Grupp koum duerch e Bild vum Kandinsky aus dem Joer 1903 mam selwechten Numm, wat 1912 als Buchtitelillustratioun fir den Almanach mam selwechten Numm war. Dat programmatescht Wierk, erausgi vum Kandinsky a Marc (Piper, München, 1912) huet, mam Marc senge Wierder "die neueste malerische Bewegung in Frankreich, Deutschland und Russland" ëmfaasst "und zeigt ihre feinen Verbindungsfäden mit der Gotik und den Primitiven, mit Afrika und dem großen Orient, mit der so ausdrucksstarken ursprünglichen Volkskunst und Kinderkunst, besonders mit der modernsten musikalischen Bewegung in Europa und den neuen Bühnenideen unserer Zeit". Den Arnold Schönberg z. B. huet nieft Texter a Biller och d'Kompositioun Herzgewächse an där Schrëft bäigedroen.
Iwwer eng zimmlech grouss Spanwäit huet déi variabel Ophiewung vun der Wierklechkeet am Bloe Reider verfüügt. Sou haten nieft der metaphysescher Déieresymbolik vum Franz Marc, der Faarwephantasie vum Mackes, der märchenhafter Zauberwelt vum Klee och dem Kandinsky seng mathematesch-musikalesch Abstraktioune Plaz am Bloe Reider.
Déi zweet Ausstellung war vum 12. Februar bis 18. Mäerz1912 an der Münchner Bicher- a Konschthandlung Hans Goltz. 315 Aquarellen, Zeechnungen an Drockgrafike vu méi wéi 30 Kënschtler goufen an dëser Ausstellung virgestallt.