D'Denitza "Deni" Krivova (bg: Деница Кривова), gebuer de 15. Januar 1990 a Bulgarien, a gestuerwen de 26. Abrëll 2008 zu Lëtzebuerg,[1] war eng lëtzebuergesch Volleyballspillerin.[2]
D'Denitza Krivova huet hir international Sportscarrière 2004 ugefaangen.[2] Si war am Kader vun der Lëtzebuergescher Dammen-Volleyballnationalekipp.[3]
Si ass 2008 bei engem Autosaccident gestuerwen .[4]
Hire Papp ass de Volleyballtrainer Ranguel Krivov.[5]