Dem Mich seng Kichen ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm vun der Diana Nilles. En hat de 26. Februar 2018 seng lëtzebuergesch Première um LuxFilmFest.[1]
Ëm wat geet et am Film?
De Mich, e Strummert, schafft bei enger Hëllefsorganisatioun, déi Molzechte verdeelt. Hie verdächtegt de Fadi, e syresche Flüchtling, seng Sacoche geklaut ze hunn...
Produktioun
De Lëtzebuerger Filmfong huet der Filmproduktiounsgesellschaft Tarantula Luxembourg am November 2015 e Subside an Héicht vun 120.000 Euro accordéiert, fir de Film ze produzéieren.[2]
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Fiche op Luxfilmfest.lu.
- ↑ filmfund.lu: Comité de Sélection décisions novembre 2015