Den éischte Band koum 1880 eraus mam Ënnertitel: Die interessantesten Erfindungen und Entdeckungen auf allen Gebieten. Ein Jahrbuch für Haus und Familie besonder für die reifere Jugend. Am Buch waren 185 schwaarz-wäiss Illustratiounen an ee faarwegt Bild vum Liichttuerm vun von Eddystone.
Op zwou Säite krut de Lieser mol erkläert Was das Buch will. Et ware keng "Virkenntnisser" erfuerdert, an déi eelef Haaptgruppe goufen opgezielt; et waren dat:
Länner a Vëlkerkunde
Verkéierswiesen
Industrie
Nei Apparater, Maschinnen a Bauten
Militärwiesen an Nautik
Physik
D'Physik vun der Äerd, "Witterungskunde", Geologie an de Biergbau