Den Dareios I. (Farsi: داریوش, [ dɔːriˈuːʃ ], Alpersesch Dārayavahuš, Babylonesch Dariamuš, Elamesch Dariyamauiš, AramäeschDryhwš, HebräeschDarjaweš, Latäin Darius; gebuer ëm 549 v. Chr. a gestuerwen 486 v. Chr., dacks och Darius de Grousse genannt, war Grousskinnek vum perseschen Achämenideräich, den ningte Kinnek aus der Dynastie vun den Achämeniden. Hie war de Jong vum Hystaspes, engem Satrap vu Parthien.
Nieft dem Kyros (oder Cyrus) dem Groussen gëllt hien als dee bedeitendste Grousskinnek vum alpersesche Räich. Hien huet d'administrativ Strukture vu sengem Räich erneiert, huet e Stroossennetz uleeë gelooss, an eng eeheetlech Wärung agefouert. Hien huet d'Konschte gefërdert, besonnesch d'Architektur. Sou huet hie Persepolis gegrënnt, a grouss Bauaarbechten an anere Residenzstied ausféiere gelooss, virun allem zu Susa. Och an Egypten huet hien eng Rëtsch Tempelen (nees) opriichte gelooss an e Kanal tëscht dem Roude Mier an dem Nildelta fäerdeg baue gelooss.