Theaterregisseur, Schauspiller, Erzieler, Sänger, Radiomacher, Poppespiller, Kulturmanager a Festivalorganisator.
Member vun
TRAFFIK THEATER Lëtzebuerg, AllerRetour Luxembourg asbl, Chantier Mobile asbl, E411 vzw, ASPRO, Assitej Lëtzebuerg
Den Daniel "Dan" Tanson, gebuer de 16. Juli1971[1] an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Theaterregisseur, Schauspiller, Erzieler, Sänger, Perfromer, Poppespiller, Szenograf, Illustrator, Radiomacher,Kulturmanager a Festivalorganisator.
Biographie
Den Dan Tanson huet seng Première am Stater Jongelycée gemaach an duerno Visuell Kommunikatioun mam Schwéierpunkt Kannerbicher-Illustratioun an der École de recherche graphique zu Bréissel studéiert. Uschléissend huet hie seng Studien mat engem Diplôme d'aptitude pédagogique arts plastiques um Bréisseler Institut Roger Guilbert ofgeschloss.
Nieft sengem Studium huet e Coursen an der Bréisseler Zirkusschoul (École du cirque de Bruxelles) (Jonglage, Clownerie) gemaach, souwéi als Poppespiller a Bréisseler Poppentheatere geschafft. Parallel huet hie sech zousätzlech a folgenden Theaterdisziplinnen forméiert: Dramaturgie, Figuren- a Poppentheaterspill, zäitgenësseschen Danz, Butho, Physical Theatre an Improvisatioun.
1995 huet hien zu Bréissel d'Poppentheater Compagnie Les Zerkiens gegrënnt an zwee Theaterstécker produzéiert. D'Poppentheaterstéck Espèce d'espèce (Technik: Objetsfiguren mat direkter Manipulatioun) ass 1997 mam Label Tournée art et vie op de Rencontres théâtre jeune public zu Huy ausgezeechent ginn an huet bis 1999 an der Belsch, Lëtzebuerg, Däitschland, Frankräich an Tunesien getourt. Een Héichpunkt waren d'Optrëtter am OFF vum Festival Mondial des Théâtres de Marionnettes Charleville-Mézières 1998.
1997 huet hien ugefaangen sech als onofhängege Kënschtler z'etabléieren. Säi Fokus läit zanterhier op der Produktioun vu musikalesche Bünespektakelen a Kombinatioun mat physeschem Theater, Erzielkonscht a zäitgenëssescher Poppentheaterkonscht.
2001 huet den Dan Tanson den 1. Internationale Marionettentheaterfestival Lëtzebuerg zu Esch-Sauer initiéiert an dësen an Zesummenaarbecht mat MASKéNADA, dem Naturpark Uewersauer, Esilag an der Gemeng Esch-Sauer organiséiert. Zwee Joer drop huet hien de Lëtzebuerger Theaterensembel Traffik Theater Lëtzebuerg gegrënnt, mat deem hien eng etlech Bünestécker fir e jonke Publikum produzéiert huet, déi dacks zu Lëtzebuerg an am Ausland op Tournée gaange sinn.
Nieft senger Aarbecht als Theatermann huet hie vun 2001-2008 um Radio 100,7 als fräie Mataarbechter an der Kanneremissioun Krappschass & Co, souwéi als Radiosspeaker geschafft.
Mat senge musikalesche Virstellungen am Ausland krut hie verschidden Auszeechnungen, dorënner 2009 fir seng Regieaarbecht bei Héron ascendant rivière[2] mat de Präisser Coup de cœur de la presse an dem Prix de la Ville de Huy a mam Junge Ohren Preis[3] fir d'Poppentheaterstéck Wanja, ein musikalisches Wintermärchen. 2011 gouf den inszenéierten Concert Rocky Roccoco mam YEAH! Young EARopean Award geéiert. Drumblebee[4], en inszenéierte Concert mat véier Perkussionisten, gouf 2012 souwuel mam Junge Ohren Preis wéi mam Prix du Public um YAMA Award ausgezeechent[5] an 2013 nach eng Kéier mam YEAH! Young EARopean Award. 2015 huet dat musikalescht Theaterstéck Heroica de Junge Ohren Preis gewonnen.[6]
Nieft den Theateren a Kulturhaiser zu Lëtzebuerg goufen dem Dan Tanson seng Virstellungen a renomméierten Haiser uechter Europa, den USA an a China opgefouert, wéi dem Théâtre du Châtelet zu Paräis, der Elbphilharmonie zu Hamburg, dem Wiener Konzertverein, der Berliner Philharmonie, dem Konzerthaus Berlin, Konzerthaus Wien, Pierre Boulez Saal Berlin, Bozar Bréissel, Kennedy Centre Washington D.C., der Philharmonie Köln, an op enger Tournée a China (Hong Kong, Shenzhen, Guangzhou, Xiamen, Hangzhou, Tianjin, Dezhou, Jinan, Beijing a Shanghai).
Den Dan Tanson ass bekannt als Sänger vum Projet De Kapitän Mullebutz a seng Séisswaassermatrousen, deen hien 2015 zesummen mam Georges Urwald entwéckelt huet.[7] Zanterhier hu si 3 Placke erausbruecht.
2022 huet hien seng éischt Kammeroper Schattengold am Konzerthaus Berlin inszenéiert.
1. Internationale Marionettentheaterfestival Lëtzebuerg zu Esch-Sauer
2002:
Déjeunons sur l’herbe – Compagnie du Village, Lyon – Poppentheater fir Kanner tëschend 1 a 4 Joer - Roll: Regie
2003
2. Internationale Marionettentheaterfestival Lëtzebuerg zu Bauschelt
De Nader an d’Kamanché Gei - eng orientalesche Billertheatergeschicht – Traffik Theater Lëtzebuerg - Konzeptioun, Realisatioun vum Kamishibai Theater, Erzieler.
Tock Tock – Maskénada, TDM, Luxembourg - Konzeptioun a Regie vun der Danzvirstellung fir Kanner vun 3 bis 6 Joer.
3. Internationale Marionettentheaterfestival Lëtzebuerg zu Heischent
2006:
De Pierchen an de Wollef – Traffik Theater Lëtzebuerg, Orchestre Philharmonique Lëtzebuerg - Konzeptioun, Bünebild Konstruktiounen a Poppespiller vun der berühmter Geschicht vum Serguï Prokofjew mat den Museker vum OPL.
Het Muzikale Huis – Traffik Theater Lëtzebuerg, Philharmonie Lëtzebuerg - Improviséierte Museksspektakel fir Kanner vun 7 bis 12 Joer. Initiatioun vum Projet a kënschtleresch Berodung.
Aphrodisia Disco Delight – Traffik Theater Lëtzebuerg - Konzeptioun a Realisatioun vun enger décaléierter DJ Bar.
De Joscha an d’Gei di zaubere kann – Traffik Theater Lëtzebuerg, Philharmonie Lëtzebuerg - Konzeptioun, Bünebild a Regie vun engem musekalesche Stéck baséiert op enger Geschicht vum Janosch.
2007:
D'Jeanne De Bier an den Heescheprënz - Traffik Theater Lëtzebuerg, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert vun der Serie Serie Musek Erzielt - Idi, Konzeptioun an Erzieler.
Pätterchen D. – Traffik Theater Lëtzebuerg, CAPEL a Mierscher Kulturhaus - Konzeptioun, Dramaturgie, Texter a Spill. Am Kader vum Lëtzebuerg 2007, Luxem an der Groussregioun, Kulturhaaptstad vun Europa.
Nid de Poule – Compagnie du Village, Lyon – Poppentheater fir Kanner tëschend 1 a 4 Joer - Roll: Regie
2008:
Babar, de klengen Elefant (Version 1) – Traffik Theater Lëtzebuerg, Philharmonie Lëtzebuerg - Nom Text vum Jean de Brunhoff a der Musek vum Francis Poulenc - Regie Ela Baumann - Erzieler
Blauwbaard – Traffik Theater Lëtzebuerg - Schiedtheaterperformance mat. Live-Musek fir Erwuessener ronderëm d'Geschicht vun Barbe Bleue. - Konzeptioun a Regie.
Wanja, e musikalescht Wantermärchen – Traffik Theater Lëtzebuerg, Philharmonie Lëtzebuerg - Zeitgenësseschen Poppentheater a Musek fir Kanner vun 5 bis 9 Joer - Konzeptioun a Poppespiller. Uropféierung: 6. Dezember 2008, Espace Découverte.
Musek Erzielt 08/09 -Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Philharmonie Lëtzebuerg, Chantier Mobile asbl E Cycle vu 3 Erzielconcerten an der Philharmonie Lëtzebuerg - Roll: Konzept, Inszenéierung an Erzieler
2009:
Ouroboros – Traffik Theater Lëtzebuerg, Philharmonie Lëtzebuerg, Carré_Rotondes - Musekalesch Virstellung ronderëm e Sträichquartett mat Perkussioun a live Videobiller. Kompositioun: Elisabeth Naske. Konzeptioun, Interpretatioun, an d’Manipulatioun vun de Biller. Uropféierung: 27. Januar 2009, Carré_Rotondes
Karnaval vun den Déieren – Traffik Theater Lëtzebuerg, Philharmonie Lëtzebuerg - Musikalesch Virstellung mat Origamis a Videoprojektiounen - Regie: Ela Baumann - Bünebild: Architektebüro Teisen & Giesler - Konzeptioun a Interpretatioun. Uropféierung: 02. Mee 2009, Espace Découverte, Philharmonie de Lëtzebuerg.
Musek Erzielt 09/10 -Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Philharmonie Lëtzebuerg, Chantier Mobile asbl E Cycle vu 3 Erzielconcerten an der Philharmonie Lëtzebuerg - Roll: Konzept, Inszenéierung an Erzieler
2010:
Te Ros! – Zefiro Torna/Pantalone - Regie vun engem musikalescher Virstellung ronderëm di mëttelalterlech Legend vum Bayard Päerd. Uropféierung: 16. Januar 2010 am Bozar zu Bréissel
Les Enfants Idiots – Cie de l’Arbre Rouge - Koproduktioun: Compagnie de l’Arbre Rouge, Chantier Mobile asbl - En Erzieltheaterstéck mat Objeten a Musek fir Kanner ab 8 Joer. - Roll: Konzept an Inszenéierung - Uropféierung: November 2010
Musek Erzielt 10/11 -Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Philharmonie Lëtzebuerg, Chantier Mobile asbl E Cycle vu 3 Erzielconcerten an der Philharmonie Lëtzebuerg - Roll: Konzept, Inszenéierung an Erzieler
Den Hamid An d’Kamanché-Gei – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert am Kader vun der Serie MUSEK ERZIELT - Roll: Konzept, Inszenéierung an Geschichtenerzähler - Uropféierung: 09 & 10 mars 2012
2011:
Der Weg mit den Vögeln – Annick Pütz, Katarina Bihler, Ensemble hors-du-cadre - Koproduktioun: Philharmonie Lëtzebuerg, Centre de Création Chorégraphique Luxembourgeois (TROIS C-L), Mierscher Kulturhaus - En Tanz- a Musekspektakel mat Live-Musek fir Kanner ab 8 Joer - Roll: Live-OverheadZeechnung an Interpretatioun - Uropféierungen: 25. a 26. Mäerz 2011, Philharmonie Lëtzebuerg
Musek Erzielt 11/12 -Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Philharmonie Lëtzebuerg, Chantier Mobile asbl E Cycle vu 3 Erzielconcerten an der Philharmonie Lëtzebuerg - Roll: Konzept, Inszenéierung an Erzieler
De Gusti an d'Melodie vun der Hoffnung – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert - Roll: Konzept, Inszenéierung an Geschichtenerzähler - Uropféierungen: 27. a 28. Januar 2011
Ecce Homo – Zefiro Torna - Produktioun: Zefiro Torna, Concerthuis Brugge - E Installatioun begleet vun barocker Musek – inspiréiert vum Caravagio an La physionomie humaine vum Giambattista della Porta - Roll: Inszenéierung - Uropféierung: 21 mai 2011, Concerthuis Brugge
2012:
Torero – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert am Kader vun der Serie MUSEK ERZIELT - Roll: Konzept, Inszenéierung an Geschichtenerzähler - Uropféierungen: 27. a 28. Januar 2012
Drumblebee – Quatuor Beat - Produktioun: Philharmonie Lëtzebuerg - Regie vum inszenéierte Concert mat engem Perkussioun-Quartett fir Kanner vun 4 bis 10 Joer - KoRegie: Dan Tanson, Ela Baumann - Uropféierung: 27. Abrëll 2012, Philharmonie Lëtzebuerg
Schnéiwittchen – Traffik Theater Lëtzebuerg - Produktioun: Chantier Mobile - Erzielconcert mat Lichtspill - Uropféierung: 30. Juni 2012, Legendennuecht zu Esch-sur-Sûre
D'Uergel An der Bëschkapell – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert am Kader vun der Serie Musek Erzielt - Roll: Konzept, Inszenéierung an Geschichtenerzähler - Uropféierungen: 7. a 8. Oktober 2012
Wollken-Oto – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert am Kader vun der Serie Musek Erzielt - Roll: Konzept, Inszenéierung an Geschichtenerzähler - Uropféierungen: 9. a 10. November 2012, Philharmonie Lëtzebuerg
2013:
Babar, De Klengen Elefant – Traffik Theater Lëtzebuerg - Produktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert mat Schiedtheater fir Kanner vun 3 bis 7 Joer, mat der berühmter Musek vu Francis Poulenc an der Geschicht vun Jean de Brunhoff - Roll: Konzept, Dekor- a Schiedbiller an Interpretatioun - Uropféierungen: 1. a 2. Februar 2013, Philharmonie Lëtzebuerg
Scheherazade – Philharmonie Lëtzebuerg en Kollaboratioun mam Nova Ensemble a mam Betsy Dentzer - Erzielconcert mat Live-Musek fir Kanner vun 5 bis 9 Joer an hir Elteren - Roll: Konzept an Inszenéierung - Uropféierungen: 13 + 14, 20 + 21 avril 2013, Philharmonie Luxemburg
Circus Sardam – Dadofonic - Produktioun: - E Spektakel mat Erwuessenen mam Trisomie 21, inspiréiert vum berühmte Text vu Daniil Charms, fir Kanner vun 5 bis 10 Joer - Roll: Schauspiller - Uropféierungen: 19. a 20. Oktober 2013, Kinneksbond Mamer.
VOLO – Luisa Bevilacqua/Maxime Bender - Produktioun: Carré_Rotondes - Eng visuel Virstellung ouni Wierder mat Live-Musek fir Kanner vun 2 bis 4 Joer - Roll: Co-Konzept an Inszenéierung - Uropféierungen: 7. bis 10. November 2013, Carré_Rotondes
2014:
Heroïca – Lucerne Festival Young Performance Ensemble - Productioun: Lucerne Festival - Inszenéierte Concert fir siwen Instrumentalisten - Roll: Konzeptioun & Regie - Uropféierung: 10. September 2014, KKL Luzern, Schwäiz
De Ratefänger – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert am Kader vun der Serie Musek Erzielt - Roll: Konzept, Inszenéierung an Geschichtenerzähler - Uropféierung: 13. a 14. Dezember 2014, Philharmonie Lëtzebuerg.
Aucassin & Nicolette – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert am Kader vun der Serie Musek Erzielt - Roll: Konzept, Inszenéierung an Geschichtenerzähler - Uropféierung: 28 & 29 Mäerz 2014, Philharmonie Lëtzebuerg.
Mezzotragisch - Sonus Brass Ensemble - Produktioun: Sonus Brass Ensemble - Inszenéierte Concert - Regie: Dan Tanson & Ela Baumann - Uropféierung: 02 + 03 Oktober 2014, Bregenzerkulturtage.
Et Vive la Fête! – Compagnie du Village, Lyon – Poppentheater fir Kanner tëschend 1 a 4 Joer - Roll: Regie - Uropféierung: 19 + 20 November 2014, Brest.
2015:
Anna Engel – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert am Kader vun der Serie Musek Erzielt - Roll: Konzept, Inszenéierung an Geschichtenerzähler - Uropféierung: 4. a 5. Oktober 2015, Philharmonie Lëtzebuerg
De Kapitän Mullebutz A Seng Séisswaassermatrousen - Koproduktioun: Aller Retour Luxembourg, Théâtres de la Ville de Luxembourg - Concert fir Kanner vu 5 bis 12 Joer - CD Release - Roll: Konzept, Inszenéierung a Sänger - Uropféierung: 15 – 18 Mee 2015.
2016:
Pakka Antilopejeeër – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert am Kader vun der Serie Musek Erzielt - Roll: Konzept an Inszenéierung - Uropféierungen: 24. a 25. Januar 2016, Philharmonie Lëtzebuerg
De Samba, D'Schwain an d'Geheimnis vun der Millen – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert am Kader vun der Serie Musek Erzielt - Roll: Konzept an Inszenéierung - Uropféierungen: 13. & 14. Mäerz 2016, Philharmonie Lëtzebuerg
Goldmädchen – Produktioun: Traffik Theater Lëtzebuerg / Chantier Mobile asbl - Koproduktioun: Lucerne Festival, MUSICA Flanders, Kulturhaus Miersch. - Ënnerstëtzt vun: Ministère de la Culture Lëtzebuerg, Fondation Indépendance, Théâtre de la Montagne Magique Bréissel - Musiktheater mat Danz fir Kanner vun 2 bis 5 Joer - Uropféierungen: 27. August 2016, Lucerne Festival, KKL Luzern.
2017:
Goud Babelut Parcours – Musica - E musikalesche Parcours fir Kanner vun 0 bis 5 Joer an hir (Grouss)Elteren. - Roll: Konzept an Inszenéierung - Uropféierung: 22. a 23. Abrëll 2017 @ Babelut Parcours, Neerpelt, Belsch
Dem Litty Ass Et Kal - Produktioun: Kulturhaus Niederanven, Museksdepartement Vun Der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik - Musekspektakel fir Kanner ab 3 Joer - Roll: Bléck Vu Baussen - Uropféierung: 10. – 11.12.2017 Kulturhaus Niederanven
Wou Ginn Eltere Nuets Hin - Produktioun: Openscreen Asbl -Koproduktioun : Centre National De L’audiovisuel (CNA); Centre Culturel Régional Dudelange Opderschmelz - Text: Claudine Muno - Regie: Dan Tanson - Uropféierung: 22 Octobre 2017, 20h00, CC Opderschmelz Dudelange
Schnick – Philharmonie Lëtzebuerg / Musée Dräi Eechelen - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - En interaktiven Beweegungsconcert fir Kanner vun 2 bis 4 Joer. Am Kader vun der Serie Bout’chou vun der Philharmonie Lëtzebuerg, produzéiert am Musée Dräi Eechelen - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 18. - 20. November 2017, Auditoire Musée Dräi Eechelen
Fjd - 40 Years Celebration – Fédération Des Jeunes Dirigeants d’Entreprise de Luxembourg - Feier vum 40-järegen Jubiläum vun der FJD Lëtzebuerg - Roll: Regie, Stagemanagement - Uropféierung: 19. Mee 2017, Studio Grand Théâtre Lëtzebuerg
De Prënz Ouni Schwäert – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert ronderëm de Doudouk am Kader vun der Serie Musek Erzielt vun der Philharmonie Lëtzebuerg. Fir Kanner vun 4 bis 9 Joer. Begleet vu Biller vum Vincent Biwer. Roll: Konzeptioun an Inszenéierung - Uropféierungen: 5. a 6. März 2017, Philharmonie Lëtzebuerg.
Reise in eine Neue Welt – Produktioun: Elbphilharmonie Hamburg - Inszenéierte Concert mat Overhead-Projektiounen - Roll: Konzeptioun an Inszenéierung - Uropféierungen: 12. - 17. Februar 2017, Klenge Sall vun der Elbphilharmonie Hamburg
De Pablo An Dem Don Pedro Säi Päerd – Traffik Theater Luxembourg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert ronderëm de Doudouk am Kader vun der Serie Musek Erzielt vun der Philharmonie Lëtzebuerg. Fir Kanner vun 4 bis 9 Joer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 15 & 16 Januar 2017, Philharmonie Luxembourg Pour Enfants De 4 À 9 Ans. Avec Les Images De Vincent Biwer.
2018:
Schnack - Philharmonie Lëtzebuerg / Musée Dräi Eechelen - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - En interaktiven Beweegungsconcert fir Kanner vun 2 bis 4 Joer. Am Kader vun der Serie Bout’chou vun der Philharmonie Lëtzebuerg, produzéiert am Musée Dräi Eechelen - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 27. Januar 2018, Auditoire Musée Dräi Eechelen
D’Bremer Stadtmusikanten– Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert fir Kanner vun 4 bis 9 Joer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 24. - 26. Februar 2018, Philharmonie Lëtzebuerg
De Fräschekinnek– Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert fir Kanner vun 4 bis 9 Joer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 12. - 14 Mee 2018, Philharmonie Lëtzebuerg
Karneval der Tiere vum Camille Saint-Saëns - Lucerne Festival 2018 Erlebnistag - Patricia Kopatchinskaja / Sol Gabetta / Dan Tanson & les Solistes du Lucerne Festival Orchestra - Uropféierungen: 26. August 2018, KKL Konzertsaal.
Senegalliarde - Produktioun: Lucerne Festival 2018 - Inszenéierte Concert fir Kanner vun 6 bis 12 Joer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 30. + 31. August 2018, Theater Neubad, Luzern
Aqualina - Philharmonie Lëtzebuerg/Musée Dräi Eechelen - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - En interaktiven Beweegungsconcert fir Kanner vun 2 bis 4 Joer. Am Kader vun der Serie Bout’chou vun der Philharmonie Lëtzebuerg, produzéiert am Musée Dräi Eechelen - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 20. – 22. Oktober 2018, Musée Dräi Eechelen
De Yoshi an d’Melodie vum Wand – Philharmonie Luxembourg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert fir Kanner vun 4 bis 9 Joer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 01. – 03. Dezember 2018
2019:
Dem Bima Seng Blummen– Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert fir Kanner vun 4 bis 9 Joer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 19. – 21. Januar 2019, Philharmonie Lëtzebuerg
Terranova - Philharmonie Lëtzebuerg/Musée Dräi Eechelen - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - En interaktiven Beweegungsconcert fir Kanner vun 2 bis 4 Joer. Am Kader vun der Serie Bout’chou vun der Philharmonie Lëtzebuerg, produzéiert am Musée Dräi Eechelen - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 02. – 04. Februar 2019, Auditorium Musée Dräi Eechelen, Lëtzebuerg
De Ratefänger Vun Hameln – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert fir Kanner vun 4 bis 9 Joer - Erzielerin: Betzy Dentzer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 30. März - 01 Abrëll 2019, Philharmonie Lëtzebuerg.
Somnia – Wie klingen Träume – Produktioun: Elbphilharmonie Hamburg - Inszenéierte Concert mam Ensemble Resonanz an 2 Zirkusartisten - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 13 – 16 Abrëll 2019 – Elbphilharmonie Hamburg
Biancaneve - Philharmonie Lëtzebuerg/Musée Dräi Eechelen - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Interaktiven Beweegungstheater Concert fir Kanner vun 2 bis 4 Joer. Am Kader vun der Serie Bout’chou vun der Philharmonie Lëtzebuerg, produzéiert am Musée Dräi Eechelen - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 08 - 11 Juni 2019, Auditoire Musée Dräi Eechelen
Pizz’n‘Zip - Produktioun: Lucerne Festival 2019 - Inzenéierte Concert fir Kanner vun 3 bis 7 Joer - Roll: Iddi, Artistesch Beroodung - Uropféierungen: 01. September 2019, KKL.
Le P'tit Parc Du Bout d’la Rue – Compagnie du Village, Lyon – Poppentheater fir Kanner tëschend 1 a 4 Joer - Roll: Regie - Uropféierung: 19. + 20. Oktober 2019, Quimper
De Kapitän Mullebutz A Seng Seisswaassermatrousen Si Wibbeleg - Koproduktioun: Aller Retour Luxembourg, Philharmonie Lëtzebuerg - Concert fir Kanner vu 5 bis 12 Joer - CD Release - Roll: Konzept, Inszenéierung a Sänger - 09. - 11. November 2019, Philharmonie Lëtzebuerg
2020:
Ding Dong, Toktoktok! - Philharmonie Lëtzebuerg/Musée Dräi Eechelen - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Interaktiven Beweegungstheater Concert fir Kanner vun 2 bis 4 Joer. Am Kader vun der Serie Bout’chou vun der Philharmonie Lëtzebuerg, produzéiert am Musée Dräi Eechelen - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 11. - 13. Januar 2020, Philharmonie Lëtzebuerg
Die Geschichte vom Soldaten - Barenboim-Said Akademie - Inszenéierte Concert vun Igor Stravinsky sengem Meeschterwierk mat Performeren a Marionettespill fir Kanner an Erwuessener - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 23. - 24. Februar 2020, Pierre Boulez Saal, Berlin
Prinzessin Op Der Ierbes – Corona Online-Produktioun - Produktioun: Aller Retour Luxembourg, Escher Theater - Musek an Erzielung fir Kanner vu 5 bis 9 Joer an hir Elteren - Roll: Iddi, Konzept, Textadaptatioun, Storyboard, Inszenéierung, Montage - Uropféierungen: 21. Mäerz 2021
D'Zauberdëppen – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Aller Retour Luxembourg, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert fir Kanner vun 4 bis 9 Joer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 04. Oktober 2020, Philharmonie Lëtzebuerg
Balloumi – Philharmonie Lëtzebuerg - Interaktiven Beweegungstheater Concert fir Kanner vun 2 bis 4 Joer. Am Kader vun der Serie Bout’chou vun der Philharmonie Lëtzebuerg - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 05. - 06. Dezember 2020, Philharmonie Lëtzebuerg
2021:
Aishinka Tinka– Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: AllerRetour Luxembourg, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert fir Kanner vun 4 bis 9 Joer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 06. + 07. Februar 2021, Philharmonie Lëtzebuerg
Kulturkanälli – Produktioun: Kuk Kulturkanal – Beim Kulturkanälli iwwerhuelen d'Kanner d'Direktioun vum Programm, an d'Kënschtler mussen no hirer Päif danzen! - Uropféierungen: 26.06.2021, Live am Kuk
Schattengold! – Konzerthaus Berlin - Kammeroper am Optrag vum 150-järegen Jubiläum vum Konzerthaus Berlin - Roll: Konzept an Inszenéierung - Uropféierungen: 16. - 22. November 2021, Konzerthaus Berlin
Dem Här Blo Sein Dram Vum Mier – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert fir Kanner vun 4 bis 9 Joer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 03. - 05. Dezember 2021, Philharmonie Lëtzebuerg
2022:
A Menger Boma Hierem Gaart – Philharmonie Lëtzebuerg - Interaktiven Beweegungstheater Concert fir Kanner vun 2 bis 4 Joer. Am Kader vun der Serie Bout’chou vun der Philharmonie Lëtzebuerg, produzéiert am Musée Dräi Eechelen - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 11. - 13. Mäerz 2022, , Espace Découverte, Philharmonie Lëtzebuerg
Alva Aurora – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: Chantier Mobile, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert fir Kanner vun 4 bis 9 Joer - Erzielerin: Betzy Dentzer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 26 - 28 Mäerz 2022, Espace Découverte, Philharmonie Lëtzebuerg
Hopp Galopp! – Philharmonie Lëtzebuerg- Interaktiven Beweegungstheater Concert fir Kanner vun 2 bis 4 Joer. Am Kader vun der Serie Bout’chou vun der Philharmonie Lëtzebuerg, produzéiert am Musée Dräi Eechelen - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 26. - 28. Mee 2022, Espace Découverte, Philharmonie Lëtzebuerg
Nikki Ninja & Afrobeathoven – Neimënster - Hip-Hop fir Kanner vun 8 bis 12 Joer – Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 16. - 25. Juni 2022, Neimënster
D'Geschicht vum Simi Calypso & dem Allerleschten Dodo – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: AllerRetour Luxembourg, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert fir Kanner vun 4 bis 9 Joer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 01. - 02. Oktober 2022, Espace Découverte, Philharmonie Lëtzebuerg
De Kapitän Mullebutz & Seng Séisswaassermatrousen Si Schneekeg! - Koproduktioun: Aller Retour Luxembourg, Philharmonie Lëtzebuerg - Concert fir Kanner vu 5 bis 12 Joer - CD Release - Roll: Konzept, Inszenéierung a Sänger - Uropféierungen: 02. - 04. Dezember 2022
2023:
So Mol Lobo – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: AllerRetour Luxembourg, Philharmonie Lëtzebuerg - Erzielconcert fir Kanner vun 4 bis 9 Joer - Roll: Iddi, Konzept, Inszenéierung - Uropféierungen: 25. + 27. Mäerz 2023, Philharmonie Lëtzebuerg
Prinzessin Op Der Ierbes – Traffik Theater Lëtzebuerg - Koproduktioun: AllerRetour Luxembourg, Escher Theater, Prabbeli Wiltz - Erzielconcert mat Objekter & Live Zeechnung - Roll: Konzept, Adaptatioun vum Text, Inszenéierung - Uropféierungen: 18. - 22. Juni 2023, Ariston, Esch/Alzette
Harpapier – Produktioun: Cie FRAKT’ - Koproduktioun: Stad Bienne, Kanton Bern, Pro Helvetia SAT Theaterverein Biel - Visuellen Konzert fir Kanner ab 1 Joer - Roll: Artistëg Begleedung, Endregie - Uropféierungen: 21. - 22. Oktober 2023, La Grenouille Biel/Bienne
Kannerradionuecht2023 – Produktioun: Radio 100,7 - Lauschterstéck - Roll: Géckege Professer - Uropféierung: 24. November 2023
2024:
Barkabach – Produktioun: Brucknerhaus Linz, Jeunesse Austria - Ënnerstëtzung: Pro Helvetia | Ernst Göhner Stiftung - Visuelle Concert ouni Sprooch fir Kanner ab 6 Joer an hirer erwuessener Begleedung - Roll: Inszenéierung - Uropféierungen: 05. Abrëll 2024, 09:00, Brucknerhaus Linz, Mittlerer Saal
Pizz’n‘Zip 2.0 – Produktioun: Lucerne Festival 2019 - Inzenéierte Concert fir Kanner vun 3 bis 7 Joer - Roll: Iwwerschaffen vum ursprénglesche Konzept - Uropféierungen: 20. - 22. Oktober 2024, CAPe Ettelbréck.
Kannerradionuecht2024 – Produktioun: Radio 100,7 - Lauschterstéck - Roll: Auteur vum Lauschterstéck De gëllene Plektrum - Uropféierung: 29. November 2024
Präisser, Unerkennungen
2023 - 2024: Résidence de Création, Neimënster, Lëtzebuerg
2022 - 2023: Artiste Associé, Philharmonie Lëtzebuerg
2021 - 2022: Artiste Associé, Abtei Neimënster, Lëtzebuerg
2019 - 2020: Résidence d'Artiste, Philharmonie Lëtzebuerg
2018: Artist Étoile, Lucerne Festival, Schwäiz
2015: Junge Ohren Preis: Heroïca – Young Performance Ensemble, Lucerne Festival - Inszenéierte Concert fir siwen Instrumentalisten. Uropféierung: 10. September 2014, KKL Luzern, Schwäiz.
2013: Yeah! Award (Young Earopean Award): Drumblebee - Quatuor Beat. Inszenéierte Concert mat engem Perkussiounsquintett, fir Kanner vu 4 bis 10 Joer. Uropféierung: 27. Abrëll 2012, Philharmonie Lëtzebuerg
2012: Prix du public am Yama Award (Jeunesse Musicales International): Drumblebee - Quatuor Beat. Inszenéierte Concert mat engem Perkussiounsquintett, fir Kanner vu 4 bis 10 Joer. Uropféierung: 27. Abrëll 2012, Philharmonie Lëtzebuerg
2012: Spezialpräis vum Junge Ohren Preis: Drumblebee - Quatuor Beat. Inszenéierte Concert mat engem Perkussiounsquintett, fir Kanner vu 4 bis 10 Joer. Uropféierung: 27. Abrëll 2012, Philharmonie Lëtzebuerg
2011: Yeah! Award (Young Earopean Award): Rocky Roccoco – Sonus Brass Ensemble. Museksspektakel ronderëm e Blechbléiserquintett. Uropféierung: 12. Juni 2010, Philharmonie Lëtzebuerg
2009: Junge Ohren Preis: Wanja, ein musikalisches Wintermärchen– Traffik Theater Lëtzebuerg. Museksspektakel mat modernen Marionetten fir Kanner vu 5 bis 9 Joer. Uropféierung: 06. Dezember 2008, Philharmonie Lëtzebuerg.
2008: Coup de Coeur de la Presse & Prix de la Ville de Huy: Héron Ascendant Rivière – Cie de l’Arbre Rouge Erzielconcert fir Kanner vun 3 - 6 Joer.