D'Maus Ketti ass 1936 fir d'éischt beim Gust. Soupert publizéiert ginn.
Ëm wat geet et?
D'Ketti, d'Feldmaus, lieft zu Biermereng am Feld (...), einfach a gesond vu Weess an Hieselnëss. Et kritt Besuch vu senger Kusin Mim aus Clausen. D'Ketti dëscht him deftegt Iessen op, dat dem Mim awer net apaart schmaacht. D'Mim invitéiert d'Ketti an d'Stad, nodeem et him vu Crème a Kuch a Bond geschwäermt huet.
An der Stad schläiche se sech an en Haus, a maache sech iwwer e Buffet voller Schlabäizercher hier. Mä op eemol dauchen de Kueder Tunn a seng Freiesch op, an déi zwou Mais kënnen am leschten Ament entwutschen. D'Ketti, nach d'Doudangscht an de Schanken, decidéiert, direkt erëm heemzegoen:
Ech ginn neess heem, et wär mäin Doud,
Dat ass jo hei kee Liewen;
Muss een da fir all Maufel Brout
an dausend Ängschte schwiewen?
Wéi beim Äsop ass d'Moral vun der Geschicht kloer: Mat Wéineg kann een dacks méi glécklech sinn wéi mat Iwwerfloss a Suergen.
Mat vill Léift zum Detail portraitéiert de Liesch an der Maus Ketti op der enger Säit déi naiv, mä guttmiddeg Feldmaus, op der aner déi snobistesch-agebilt Stadmaus. Generatioune vu Schoulkanner hunn hir Bekanntschaft mat deenen zwou Mais gemaach.
D'Kulturzentrum vu Biermereng ass dann och no där bekannter 'Biergerin' benannt.