Cour administrative (Lëtzebuerg)

Cour administrative
Land Lëtzebuerg
Gegrënnt 7. November 1996
Um Spaweck https://justice.public.lu/fr/organisation-justice/juridictions-administratives.html

De Verwaltungsgeriichtshaff[1] ((fr) Cour administrative) gehéiert zur Administrativer Geriichtsbarkeet zu Lëtzebuerg. D'Cour administrative gouf an der Folleg vun der Verfassungsrevisioun vum 12. Juli 1996[2] mam Gesetz vum 7. November 1996 geschaf[3].

Kompetenz

De Verwaltungsgeriichtshaff ass an zweeter a leschter Instanz als Appellsgeriicht zoustänneg fir:

Géint d'Decisioune vum President vum Verwaltungsgeriichtshaff am Kader vum Référé administratif kann allerdéngs keen Appell gemaach ginn.

An e puer seelene Fäll ass de Verwaltungsgeriichtshaff direkt zoustänneg[4]:

  • Appeller vun enger Gemeng géint eng staatlech Decisioun,
  • Asproch am Kontext vun engem Referendum deen op d'Initiativ vu Wieler zeréckgeet.

Zesummesetzung

De Verwaltungsgeriichtshaff besteet aus enger eenzeger Kummer, an där dräi 3 Magistrate siegéieren.

Eegenaart

An der administrativer Geriichtsbarkeet (Tribunal administratif a Cour administrative) gëtt e kee Ministère public.

Um Spaweck

Referenzen

  1. (lb)Verfassung vum Grand-Duché vu Lëtzebuerg. legilux.public.lu Art. 112 (5). Gekuckt de(n) 18.12.2024.
  2. (fr)Loi du 12 juillet 1996 portant révision de l'article 95 de la Constitution. - Legilux. legilux.public.lu (12.07.1996). Gekuckt de(n) 15.12.2024.
  3. (fr)Loi du 7 novembre 1996 portant organisation des juridictions de l'ordre administratif. data.legilux.public.lu (07.11.1996). Gekuckt de(n) 15.12.2024.
  4. (fr)La justice en chiffres 2023. justice.public.lu IX. Juridictions administratives – A. Cour administrative, S. 73. Service communication et presse de la justice (SCPJ) (08.08.2024). Gekuckt de(n) 18.12.2024.