Conseil de guerre (Lëtzebuerg)

Conseil de guerre
Land Lëtzebuerg

De Krichsrot ((fr) Conseil de guerre) ass den ënneschten Niveau vun der militärescher Geriichtsbarkeet zu Lëtzebuerg. En ass fir all militäresch Verstéiss zoustänneg, déi him vum Gesetz zougestane ginn an déi vun Zaldoten oder Persounen déi deene gläichgesat sinn, begaange goufen.

De Krichsrot besteet aus dräi Memberen: de President an ee Member sinn aktiv oder fréier Offizéier an deen anere Member ass e Riichter vum Bezierksgeriicht. De Geriichtsschreiwer ass och ee vum Bezierksgeriicht.

De Ministère public gëtt vum Procureur d'État vertrueden, deen den Titel Auditeur militaire dréit.

De Krichsrot ass fir de ganzen Territoire vu Lëtzebuerg zoustänneg.

Fir e Recours géint en Urteel vum Krichsrot ass den Héije Militärhaff zoustänneg.

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  • Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Pierre Majerus a Marcel Majerus. « L'État luxembourgeois », 5e édition, S. 273, Luxembourg: Service Information et Presse, 1983. Print.