Concepción, offiziell La Concepción de María Purísima del Nuevo Extremo, ass eng Stad am Chile. Mat 212.000 Awunner (Stand: 2005) - d'Agglomeratioun huet der 936.100 - ass et no der Haaptstad Santiago deen zweetwichtegste Wirtschaftszentrum vum Land.
Concepción ass eng Hafestad, ronn 500 km südlech vu Santiago, a läit um Floss Bío-Bío, deen do an de Pazifeschen Ozean leeft.
Se gouf 1550 vum Pedro de Valdivia gegrënnt. Am Laf vu senger Geschicht gouf se ëmmer nees vun Äerdbiewe betraff, sou 1570, 1657, 1751, 1835, 1939, 1960, a fir d'lescht de 27. Februar 2010.
1818 gouf zu Concepción d'Onofhängegkeet vum Chile ausgeruff.