Lues awer sécher goufe lokal Republiken ausgeruff, zum Beispill d'Bolognesesch Republik.
De 15. Oktober1796 hu sech d'Territoire südlech vum Po, (Modena, Bologna, Ferrara a Reggio) an enger cispadanescher Konfederatioun zesummefonnt, déi inoffiziell vum Napoléonënnerstëtzt gouf, well hien huet d'Situatioun an Italie misse stabiliséieren, fir nei Truppen op d'Been ze stellen, an Éisträich unzegräifen. Dës Konfederatioun gouf an eng Republik ëmgewandelt a krut den 19. Mäerz1797 eng eege Constitutioun. Schonn den 30. Januar1797 huet sech den Territoire vun der Republik op Garfagnana erweidert, den 19. Februar koum d'Romagna dobäi.
Eng zivil Garde gouf op d'Bee gestallt, déi virun allem aus Artillerie bestanen huet. De 7. Januar1797 huet de Kongress an der Sala del Tricolore zu Reggio decidéiert, e Gouvernement op d'Been ze stellen. Als Fändel gouf eng Tricolore erausgesicht mat den horizontale Sträife Rout, Wäiss a Gréng. Am Zentrum war e Lorbeerkranz souwéi véier Feiler fir déi véier Provënzen, aus deenen d'Republik entstanen ass.