Den Charles W. Juels, gebuer am Joer 1944 zu New York City, a gestuerwen den 21. Januar 2009, war en US-amerikaneschen Amateurastronom.
Am Zäitraum vun 1999 bis 2009 hat hien 316 Asteroiden entdeckt a war domat ee vun den erfollegräichsten Asteroidejeeër[1]. Seng Entdeckungen huet hien als pensionéierte Psychiater a sengem privaten Observatoire zu Fountain Hills am US-Bundesstaat Arizona gemaach.
Den 28. Dezember 2002 hunn de Juels an de Paulo R. Holvorcem zesumme mat Hëllef vun hirer CCD-Kamera de Koméit C/2002 Y1 entdeckt. Dofir krute si den Harvard-Smithsonian Comet Award 2003[2].
Den Asteroid (20135) Juels gouf den 9. Mäerz 2001 no him genannt.
Referenzen
- ↑ [1] Ranglëscht vun den Asteroidenentdecker
- ↑ [2] Iwwerreeche vun de Comet Awards 2003