Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz . Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Charles François Le Normant de Tournehem. Garvur nom Louis Tocqué .
De Charles François Paul Le Normant de Tournehem war e franséische Financier aus dem 18. Joerhonnert , gebuer 1684 a gestuerwe 1751 .
De Charles François Paul Le Normant de Tournehem war Fermier général . Duerch den Afloss vun der Madame de Pompadour , gouf hie Generaldirekter vun de Bâtiments du Roi , Akademien a Manufakture vu 1745 bis zu sengem Doud, als Nofollger vum Philibert Orry .
De Le Normant de Tournehem war warscheinlech de biologesche Papp vun der Jeanne-Antoinette Poisson (1721 -1764 ), spéider Marquise de Pompadour. Hie gouf hire legalen Tuteur wéi hiren offizielle Papp 1725 Frankräich huet misse verloossen. Hien huet si erzunn a si 1741 mat sengem Neveu , dem Charles-Guillaume Le Normant d'Étiolles bestuet.