De Chandra (vollstännegen Numm: Chandra X-Ray Observatory) ass e Satellit mat engem Röntgenteleskop.
Hie gouf den 23. Juli1999 vun der NASA mat dem Space ShuttleColumbia an d'Ëmlafbunn bruecht (Missioun STS-93) an ass nom Astronom Subrahmanyan Chandrasekhar genannt. De Röntgenobservatoire gouf an der Entwécklungs- a Bauphas AXAF (Advanced X-ray Astrophysics Facility) genannt, awer nach virun dem Start a Chandra ëmgedeeft. De Chandra ass och bis elo dee gréisste Satellit, dee mat engem Space Shuttle an eng Ëmlafbunn bruecht ginn ass.
Iwwer seng eege Manövréierdüse gouf de Satellit uschléissend op eng Ellipsnbunn bruecht Dës Bunn läit wäit iwwer der Stralungsceinture vun der Äerd, soudatt Deelercher, déi duerch d'Kollisioun vu Sonnewand an der kosmescher Stralung mat der Äerdatmosphär entstinn, d'Miessungen net beaflosse kënnen. Een Ëmlaf vum Satellit dauert 64 Stonnen 18 Minutten, woubäi méi wéi 55 Stonne fir d'Observatioun benotzt ginn.
D'Biller vum Chandra hu mat enger maximaler Opléisung vun 0,5 Bousekonnen eng däitlech besser Schärft wéi fréier Missiounen.
Deen erfollegräichen däitsche Röntgensatellit ROSAT hat am Verglach dozou eng Opléisung vu ronn 4 Bousekonnen.
Am Mee 2007 hunn d'Astronome mam Röntgenteleskop Chandra déi bis elo energieräichst Supernova-Explosioun observéiert. D'Fuerscher spekuléieren, datt et sech bei dëser Stärenexplosioun ëm e laang gesichten neie Supernova-Typ handele kéint, deen am jonken Universum relativ heefeg war.
Zuelen
De Chandra ass 13,8 m laang an huet e Gewiicht vu 4800 kg. Seng Liewensdauer gëtt op 10 Joer geschat.