D'Chambre des comptes war en Organ, deem seng Missioun et war, d'Finanzgestioun vum Staat ze kontrolléieren[1].
Historesch gesinn ass d'Chambre des comptes etabléiert ginn duerch d'kinneklech-groussherzoglech Ordonnance iwwer d'Organisatioun vun de staatleche Verwaltunge vum 4. Januar 1840. Do huet et geheescht[2]:
Une Chambre des Comptes est établie pour la surveillance et le contrôle des affaires de comptabilité et des caisses. Elle se compose d'un Président ou Directeur; d'un ou de deux Conseillers des Comptes; d'un Conseiller réviseur ou assesseur des Comptes, qui remplira en même tems, si Nous le trouvons à propos, les fonctions de secrétaire ; dans le cas contraire: d'un Secrétaire; d'un Réviseur; d'un ou de plusieurs Contrôleurs, d'un Clerc ou expéditionnaire.
Den Artikel 109 vun der Constitutioun vum 9. Juli 1848 huet si op eng méi zolidd legal Basis gesat[3]:
Une Chambre des comptes est chargée de l'examen et de la liquidation des comptes de l'administration générale et de tous les comptables envers le trésor public. La loi règle son organisation, l'exercice de ses attributions et le mode de nomination de ses membres. La Chambre des comptes veille à ce qu'aucun article des dépenses du budget ne soit dépassé. Aucun transfert d'une section du budget à l'autre ne peut être effectué qu'en vertu d'une loi.
An der Constitutioun vum 27. November 1856 an an där vum 17. Oktober 1868 gouf d'Chambre des comptes am Artikel 105 behandelt[4].
D'Gesetz vum 9. Januar 1852 huet hir Organisatioun am Detail festgeluecht; am Artikel 1 war hir Zesummesetzung sou definéiert: ee President, zwéi Conseilleren, zwéi "conseillers honoraires", ee Reviseur an zwéi Kontrolleren[5]. D'Gesetz vun 1852 ass komplettéiert ginn duerch d'Gesetz vum 27. Januar 1865[6] a vum 19. Februar 1931[7], modifiéiert a komplettéiert duerch d'Gesetz vum 27. Juli 1936 iwwer d'Comptabilitéit vum Staat an d'Gesetz vum 19. Juni 1965 iwwer Reorganisatioun vum Personalkader vun der Chambre des comptes[1].
Den 1. Januar 2000 gouf d'Chambre des comptes mat der Cour des comptes ersat, déi mam Gesetz vum 8. Juni 1999 kreéiert gouf[8].
Referenzen
↑ 1,01,1Majerus, P., 1977. L'État luxembourgeois: Manuel de droit constitutionnel et de droit administratif. 4e éd. mise à jour par Marcel Majerus. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, S. 308-310. Les institutions du Grand-Duché de Luxemburg / mise à jour par Manou Servais. Ministère d'État, Luxembourg 2005, S. 82 [1]