D'Entwécklung geet bis an d'Joer 1959 zeréck, wou präiswäert Rakéitestufe fir d'Scout-Rakéit als zweet Stuf respektiv fir d'Little Joe-1 benotzt goufen. D'Rakéit baséiert op der militärescher Sergeant-Rakéit, aus där déi fréier Versioune Pollux a Castor entwéckelt goufen. De Pollux-Motor gouf net weiderentwéckelt, wärend de Castor-Motor als Castor-II eng weider Leeschtungsverbesserung krut. D'Castor-IV-Variant ass eng Neientwécklung aus den 1970er Joren, déi vill méi grouss a méi leeschtungsfäeg ass wéi hir Virgänger.
Hire gréissten Asaz bekoumen déi Feststoffrakéiten als Booster fir d'Delta, wou bei bal all Start dräi bis néng dëser Motoren déi éischt Startphas ënnerstëtzt hunn. D'Castor-Rakéite goufen och fir Leeschtungsverbesserung vun der Atlas IIAS souwéi als Undriff fir eng Rei vun Héichtefuerschungsrakéite benotzt. Ausserdeem huet si, siwefach gebëndelt d'Conestoga-Rakéit ënnerstëtzt.
Castor IVA goufe fir d'éischt am Joer 1989 bei enger Delta-Rakéit an zanter dem 15. Dezember1993 als Booster vun enger Atlas IIAS agesat. Ënnerschiddlech Verkleedungen an Düseformen déngen der Upassung un de jeeweilegen Asaz als Booster oder Stuf.
Castor 120
Déi vergréissert Versioun Castor 120, déi als éischt Stuf vun der Athena-Rakéit den 22. August1997 fir d'éischt gestart gouf, ass entwécklungstechnesch guer net änlech mat den eelere Castor-Rakéitemotoren, mä baséiert op der éischter Stuf vun der Peacekeeper-Interkontinentalrakéit. De Castor-120-Rakéitemotor déngt och als éischt Stuf vun der Taurus-Rakéit.
Castor 30
De Castor-30-Booster ass e staark verkierzte Castor-120-Booster. D'Zuel 30 steet fir 30.000 Pond Dreifstoff. De Castor 30 gëtt als zweet Stuf an der Antares-Rakéit benotzt.
De Castor-30-Booster fass och als zweet Stuf an der Athena 1c an als drëtt Stuf an der Athena 2c.
De 9. Dezember2009 gouf et fir d'éischt e statesche Brennversuch mat engem Castor-30-Booster.