Carl Friedrich Zimmermann

Carl Friedrich Zimmermann
Gebuer 5. August 1817
Morgenröthe-Rautenkranz
Gestuerwen 20. Oktober 1898
Philadelphia
Nationalitéit Däitscht Keeserräich, Däitschland, USA

De Carl Friedrich Zimmermann, gebuer de 5. August 1817 zu Morgenröthe am Vogtland, a gestuerwen den 20. Oktober 1898, war en däitsche Museksinstrumentefabrikant.

Ëm 1830 huet hien zu Carlsfeld am Erzgebirge ugefaangen, Balleginstrumenter ze bauen. Hie gëllt als den Erfinder vum Bandoneon.

Zesumme mat sengem Brudder huet hien 1847 eng kleng Fabrick opgeriicht, an där se Konzertinaen a Bandoneone gebaut hunn. Verkaaft goufen d'Instrumenter iwwer dem Händler Heinrich Band seng Firma Bandunion. Sou koum dat neit Instrument zu sengem Numm.

Um Spaweck