De Canis Minor (Klengen Hond) ass e Stärebild nërdlech vum Himmelsequator.
Beschreiwung
De Klengen Hond ass e klengt Stärebild südlech vum markante Gemini. Den Haaptstär Procyon ass en opfälleg helle Stär, dee wäiss liicht. Ëstlech vum Stärebild ass d'Band vun der Mëllechstrooss.
De Canis Minor kann am Wanter gesi ginn, a ka mat Ausnam vum Zentrum vun der Antarktis op der ganzer Welt gesi ginn.
Himmelsobjeten
Stären
B
|
F
|
Numm o. aner Bezeechnungen
|
Gréisst
|
Lj
|
Spektralklass
|
α
|
10
|
Procyon, Antecanis, Al Shira, Elgomeisa
|
0,40m
|
11,4
|
F5 IV
|
β
|
3
|
Gomeisa, Algomeyla
|
2,89m
|
150
|
B8 V
|
γ
|
4
|
|
4,33m
|
200
|
K3 III
|
G
|
|
|
4,39m
|
|
|
|
6
|
|
4,55m
|
|
|
ε
|
2
|
|
4,99m
|
|
|
ζ
|
13
|
|
5,12m
|
|
|
η
|
5
|
|
5,22m
|
|
|
δ1
|
7
|
|
5,24m
|
|
|
|
11
|
|
5,25m
|
|
|
|
14
|
|
5,30m
|
|
|
|
1
|
|
5,37m
|
|
|
δ2
|
8
|
|
5,59m
|
|
|
δ3
|
9
|
|
5,24m
|
|
|
Den drëtthellste Stär am Klengen Hond, den γ Canis Minoris, ass ronn 200 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech,. Et ass e roude Risestär mat der Spektralklass K3. Seng visuell Magnitude ass 4,33m
System
|
Gréisst
|
Ofstand
|
α
|
0,40m/10,8m
|
2,2 bis 5,0"
|
β
|
|
|
14
|
5,4m/7m8m
|
76/112"
|
De Procyon (α Canis Minoris) ass mat enger visueller Hellegkeet vun 0,40m den aachthellste Stär um Nuetshimmel. Mat enger Distanz vun 11,4 Liichtjoer ass hie nee vun den nooste Stären. Et handelt sech ëm en Duebelstäresystem. Den Haaptstär schéckt e wäisslecht Liicht aus a gehéiert zu der Spektralklass F5. Hien ass sechsmol méi hell wéi eis Sonn, huet en duebel sou groussen Duerchmiesser, awer nëmme ronn 10 Prozent méi Mass. De Begleeder ass e liichtschwaache Wäissen Zwergstär, deen ongeféier duebel sou grouss ass wéi eisÄerd.
Den zweethellste Stär am klengen Hond, β Canis Minoris, ass mat 150 Liichtjoer Distanz villméi wäit ewech. Et ass e bloe, risegem Duebelstär mat der Spektralklass B8.
Den Numm „Gomeisa“ ass arabesch a bedeit sou vill wéi "d'Fra mat dem verschleierte Bléck".
De 14 Canis Minoris ass e Méifachstäresystem, bei deem sech dräi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt beweegen.
Am Klengen Hond si keng niwweleg Objeten, déi mat klengen Teleskopen ze gesi sinn.
Kuckt och
Portal Astronomie
Um Spaweck