D'Canes-Venatici-I-Grupp, kuerz CVn I, och M94-Grupp, ass eng Galaxiëgrupp, déi mat enger Distanz vu ronn 13 Mio. Liichtjoer zu den Usammlunge vu Galaxië baussenzeg vun der Lokaler Grupp zielt, déi am nooste bei ons sinn.
D'Grupp läit um Himmel an de Stärebiller Canes Venatici, an Coma Berenices. Den hellste Member, dee sécher zu där Grupp zielt, ass déi 9,0mag hell Spiralgalaxie M 94. D'Memberschaft vum grad sou hellen M 106, ass awer wéinst enger däitlech méi grousser Distanz, ëmstridden.
Ënnersich vun der Gruppendynamik weisen drophin, datt d'Gruppememberen duerch d'Gravitatioun nëmme schwaach unenee gebonne sinn. Dëst léisst sech aus der Tatsaach follgeren, datt d'Radialvitesse vun den eenzele Gruppememberen dee fir déi jeeweileg Distanz duerch d'Expansioun vum Universum z'erwardenden entsprécht. Och de Manktem vu spheroidalen Zwerggalaxien an dëser Grupp deit op déi schwaach Vebindung vun hire Memberen hin.
Memberen
An der Tabell hei drënner stinn déi eendeiteg identifizéiert Membere vun der Grupp nom Nearby Galaxies Catalog, dem Lyons Groups of Galaxies Catalog (LGG), an de Lëschten, déi aus dem Nearby Optical Galaxy sample vum Giuricin et al. opgestallt goufen.