400 gedeckt Sëtzplazen 2.000 net gedeckt Stéiplazen
Éischt Uniform
Zweet Uniform
Ersatzuniform
Den CS Péiteng (offiziell Club Sportif Pétange) war e lëtzebuergesche Foussballclub vu Péiteng. En ass 2015 an der Union Titus Péiteng opgaangen.
Geschicht
De Club Sportif Péiteng gouf 1910 gegrënnt an huet 1913/1914 fir d'éischt Kéier am Championnat matgespillt.
Vun der Saison 2004/05 un war Péiteng, no fënnef Joer an der Éierepromotioun, nees an der Nationaldivisioun vertrueden. No der Saison 2007/08 spillt de Veräin, no enger 14. a leschter Plaz, nees an der Éierepromotioun. 2008/2009 geléngt dunn erëm den Opstig an d'Nationaldivisioun.
An der Generalversammlung am Mäerz 2015 gouf decidéiert fir mam FC Titus Lamadelaine ze fusionéieren. Béid Klibb waren 2015 an der Éierepromotioun. Den Numm vum neigegrënnte Veräin ass Union Titus Péiteng, dee fir déi éischt Kéier an der Saison 2015/16 an der Éierepromotioun ugetrueden ass.
Den CS Péiteng huet laang am Stade Antoine Nangeroni zu Péiteng gespillt. Dee gouf allerdéngs an den 1990er Jore wéinst dem Bau vun der N31 ofgerappt. Duerno huet den CS Péiteng am Péitenger Stade Municipal gespillt. Deen ass offiziell fir 2.400 Leit zougelooss mat 400 Sëtzplazen op der gedeckter Tribün. Den Haaptterrain ass 110 op 64 Meter grouss. Den Trainingsterrain direkt niewendrun huet 100 op 60 Meter. Déi zwéin Terrainen hunn eng Beliichtung.