Den CR160 ass e Chemin repris am Kanton Esch-Uelzecht um Gebitt vun der Gemeng Diddeleng a geet vum Zentrum vun Diddeleng a südëstlecher Richtung bis op d'franséisch Grenz, wou en Uschloss huet mat engem Wee, deen op Zoufftgen féiert, wou en Uschloss un d'Departementsstrooss D56 huet.
Zu Penkenuecht geet e mat enger Bréck iwwer d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Dijon, an zwar do, wou fréier den Diddelenger Tunnel war.
Den CR160 ass ronn 2,8 km laang.