D'CFL 2200 sinn eng Serie vun elektreschen Automotricë fir den Asaz ënner 25KV Wiesselstroum an 1,5KV Gläichstroum. Si si baugläich mat de franséischen Z 24500 a kënnen och mat deenen Automotricen zu enger Ramm (Unité multiple) zesummegehaange ginn. D'CFL huet 22 där Maschinnen a se vun 2201 bis 2223 nummeréiert.
Allgemenges
Am Eisebunnerjargon ginn déi Automotricë gär "Duscholux" genannt, zum engen, well een duerch déi gliesen Trennwänn, bannena wéi an enger Dusch steet, zum anere well verschidden Automotricë bei der Liwwerung en ondichten Daach haten [Source?].
D'Automotrice 2207 ass den 11. Oktober2006 beim Zuchaccident zu Zoufftgen zerstéiert ginn. Den Deel Z1 ass dobäi vollstänneg zerstéiert ginn an den Deel Z3 gouf sou wäit zerstéiert datt en net méi konnt reparéiert ginn. Den Deel Z5 huet keen gréissere Schued dovu gedroen a konnt zesumme mat 2 neien Deeler Z1 an Z3 zur neier 2223 zesummegebaut ginn.
Asaz
Regionalexpresser a Regionalbunnen op Ëlwen an Dikrech
Regionalexpresser a Regionalbunnen op Virton (aktuell net am Asaz)
Regionalbunn op der Streck Lëtzebuerg-Arlon (nëmmen weekends)
Tranche 2010
D'CFL hunn am Joer 2009 bei Alstom/Bombardier eng zweet Serie vun zéng 2200er bestallt fir den akute Manktem ze kompenséieren.[1] Déi nei Tranche ass am Kontext vun der Ouverture vu Belval-Universitéit an den direkten Zuchverbindunge vun där Gare a Richtung Diddenuewen, Lonkech a spéider Virton ze gesinn.[2] Mat der 2223 ass am Januar 2011 déi lescht Maschinn vun der zweeter Serie ausgeliwwert ginn. D'2223 besteet aus dem Deel Z5 vun der 2006 accidentéierter 2207 an aus nei gebauten Deeler Z1 an Z3.