Bemierkenswäert um Lulin ass, datt hien duerch agespaarten Dicyan an zweeatomege Kuelestoff gréng liicht.
De Koméit ass de 24. Februar2009 mat enger Distanz vun 0,41 AE (≈ 61 Millioune km) laanscht d'Äerd geflunn. Zu deem Zäitpunkt stoung hien am StärebildLeo, dat géint Hallefnuecht säin héchste Stand hat. De Koméit krut eng maximal visuell Magnitude vu ronn 4m, wat bedeit, datt en nëmmen a ländleche Regioune mat wéineg Liichtverschmotzung mat bloussem A z'erkenne war.
De Schwäif war an zwee gedeelt an nieft dem Haaptschwäif war e Géigeschwäif (Typ-III-Schwäif) ze gesinn, deen an déi aner Richtung gewisen huet.