Den C/1980 E1 (Bowell) ass en net-periodesche Koméit, deen aus der Oort-Wollek an onse Sonnesystem koum. Bei sengem noe Laanschtfluch beim Jupiter op enger Distanz vun 0,23 AE gouf seng Bunn sou ëmgeleet, datt hien d'Sonnesystem verloosse wäert. Seng Bunn ass elo Hyperbol ginn a seng Bunnexzentrizitéit ass 1,0577.
D'Ëmlafzäit vum Koméit war viru sengem Passage beim Jupiter iwwer 7 Millioune Joer[1]. Den Duerchmiesser vum Koméit gëtt op e puer Kilometer geschat.
Entdeckungsgeschicht
Den Astronom Edward L. G. Bowell hat de Koméit den 11. Februar 1980 entdeckt.
Kuckt och
Portal Astronomie
Referenzen
- ↑ JPL Small-Body Database Browser: C/1980 E1 (Bowell)