Bye Bye Birdie ass en US-amerikanesche Film vum George Sidney aus dem Joer 1963 mat der Janet Leigh a mam Dick Van Dyke an den Haaptrollen.
De Musekstar Conrad Birdie muss an d'Arméi. Säi Songwriter Albert Peterson fäert, domat wier säi Succès, deen e bis dohin hat, eriwwer, an hie selwer géif net méi genuch un de Lidder verdéngen. Seng Frëndin Rosie huet d'Iddi, datt den Albert dem Birdie soll ee Lidd schreiwen, dat an der Ed Sullivan Show opgefouert soll ginn, an dono en Hit ginn. D'Lidd heescht One Last Kiss an de Birdie soll um Enn vum Lidd eng Fra këssen, d'Kim, wat hire Frënd nawell jalous mécht ...
Um Spaweck