De Burgus zu Holztem war e befestegte réimesche Kontrollposten, deen zu Holztem am Flouer Um Rank bei enger deemoleger Stroossekräizung Um Schinker louch. Vun do aus konnten déi réimesch Wuechtposten déi ganz Géigend iwwerwaachen.[1][2]
Am Dezember 2024 gouf bekannt, datt op där Plaz, tëschent 2020 an 2024 archeologesch Ausgruewungen ënnert der Leedung vum Institut national de recherches archéologiques (INRA) gemaach goufen, woubäi e Pak réimesch Mënze fonnt gouf.
De Kulturminister Eric Thill äntwert den 2. Dezember 2024 op eng parlamentaresch Fro iwwer dës aussergewéinlech Entdeckung:
"D‘Fouillen hunn et erlaabt Vestigë vu spéitréimesche Strukturen ze fannen, engem sougenannte Burgus souwéi engem monetären Depot bestoend aus 141 réimesche Mënzen aus der 2. Hallschent vum 4. Joerhonnert, an engem numismatesche Wäert vun 308.600 Euro. Besonnesch aussergewéinlech sinn dräi Mënze mam Ofbild vum Usurpator Eugenius dee grad zwee Joer regéiert huet (392-394). Fir sécher ze stellen datt all Mënze konnten aus dem Buedem geholl ginn, hunn dës Fouillen och besonnesch vill Zäit an Usproch geholl. Op de Mënze si Portaite vun 9 réimesche Keeseren déi tëschent 364 an 408 regéiert hunn."[3][4]
Den 19. November 2019 haten d'Éisleker Geschichtsfuerscher Jos Muller a Cliff Nosbusch déi éischt Mënz mat bloussem A entdeckt, nodeems en Trakter beim Plouen d'Mënz fräigeluecht hat. Déi zwéi Geschichtsfuerscher hunn doropshin direkt d'INRA informéiert a kee Wuert iwwer hir Entdeckung verluer, fir ze verhënneren, datt d'Ausgruewunge gestéiert géife ginn. D'Ausgruewunge waren net esou einfach, well op där Plaz och Blindgänger aus der Ardennenoffensiv net auszeschléisse waren.
D'Goldmënzen hunn en Duerchmiesser vun 2,5 Zentimeter a weien tëschent 4,2 a 4,4 Gramm. Et fält op, datt s'an engem perfekten, quasi ongebrauchten Zoustand sinn. Se goufen op 8 verschiddene Plazen geklappt, vun Tréier iwwer Roum, Aquila a Mailand iwwer Konstantinopel bis Antakya an der haiteger Tierkei. Op de Mënzen, déi aus der Zäit tëschent 364 a 408 stamen, si follgend réimesch Keeseren ze gesinn: Valens (364-478), Valentinian I. (364-375), Gratian (375-383), Valentinian II. (375-392), Magnus Maximus (383-388), Theodosius I. (379-395), Eugenius (392-394), Arcadius (395-408) an Honorius (395-408) . Déi 3 Eugenius-Mënze sinn – well den Eugenius nëmmen zwee Joer regéiert huet – besonnesch seelen an hunn e Wäert vu 50.000 € d'Mënz.
Bis elo ass net gekläert, firwat dës Mënzen an der Zäit vum Honorius zu Holztem deponéiert goufen.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ Marc Thill, Archäologie, Das Flüstern der Münzen: Das römische Gold birgt weiterhin Geheimnisse, Hinter dem Münzenfund in Holzthum steckt eine spannende Geschichte. Dabei glänzt nicht nur das Edelmetall, sondern auch die archäologische Grabung., wort.lu, Luxemburger Wort, 07.12.2024, S. 78-79, Gekuckt 07.12.2024
- ↑ Schierbele gesicht, Goldmënze fonnt, Um Schinker gouf een eenzegaartege Réimerschatz Infobox Archeologesch Plazentdeckt. rtl.lu (06.12.2024). Gekuckt de(n) 07.12.2024.
- ↑ Parlamentaresch Fro n°1445, Découverte d'un trésor d'or dans la commune Parc Hosingen. chd.lu (02.12.2024). Gekuckt de(n) 03.12.2024.
- ↑ Daniel Conrad, Archäologie, Münzschatz im Ösling entdeckt, Wie Kulturminister Eric Thill bestätigt, sind 141 römische Münzen im Wert von über 300.000 Euro gefunden worden.. wort.lu (02.12.2024); Münzschatz im Ösling entdeckt, Luxemburger Wort, 03.12.2024, S. 40. Gekuckt de(n) 03.12.2024.