Bulgaresche Lew

De Bulgaresche Lew oder och einfach Lew (BGN) ass zanter 1881 déi offiziell Wärung vu Bulgarien.

1 Lew ass an 100 Stotinki ënnerdeelt.

Geschicht

De Lew gouf den 1. Januar 1999 offiziell als Landeswärung agefouert. De Lew war 1 Joer d'Iwwergangswärung vun der deemoleger Sozialistescher Republik Mazedonien. Wéinst der staarker Inflatioun waren den 1. Juli 1997 1000 Lew ëmgerechent 1 D-Mark. Et gouf dunn décidéiert eng 1:1-Bindung mat der D-Mark ze maachen. De Lew gouf den 1. Januar 1999 iwwerschafft, an déi fréier 1000 Lewa goufen 1999 zu 1 Lew.

"Stotinki" ass d'Méizuel vu "Stotinka", wat en Honnertstel oder Centime bedeit.

Mënzen am Ëmlaf (zanter 1999)

Wäert Parameter Beschreiwung Joer
Diameter Gewiicht Kompositioun Recto Verso
1 stotinka 16 mm 1.80 g Koffer, Aluminium, Nickel De Cavalier vu Madara mat der Nott България Den Nennwäert 1 стотинка ëmrand vun 12 Stären, mat der Joreszuel 1999 1999
2 stotinkas 18 mm 2.50 g Den Nennwäert 2 стотинки ëmrand vun 12 Stären, mat der Joreszuel 1999
5 stotinkas 20 mm 3.50 g Den Nennwäert 5 стотинки ëmrand vun 12 Stären, mat der Joreszuel 1999
10 stotinkas 18.5 mm 3 g Koffer, Nickel, Zinn De Cavalier vu Madara mat der Nott България Den Nennwäert 10 стотинки ëmrand vun 12 Stären, mat der Joreszuel 1999
20 stotinkas 20.5 mm 4 g Den Nennwäert 20 стотинки ëmrand vun 12 Stären, mat der Joreszuel 1999
50 stotinkas 22.5 mm 5 g Den Nennwäert 50 стотинки ëmrand vun 12 Stären, mat der Joreszuel 1999

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Bulgaresche Lew – Biller, Videoen oder Audiodateien