Bréifdréier

E Bréifdréier mat engem Vëlo a Slowenien.
E Bréifdréier an Australien op engem Motorrad.

E Bréifdréier oder eng Bréifdréiesch, heiansdo och Facteur oder Facteurin genannt, ass eng Persoun, déi berufflech, Bréiwer, Päck oder aner Postsendungen un den Empfänger liwwert.

Zu den Aarbechte vum Bréifdréier zielen d'Zortéiere vun de Sendungen; d'Plange vun der Tournée, bei där d'Sendungen ausgeliwwert ginn; an déi eigentlech Liwwerung. Bei der Post Lëtzebuerg ginn d'Sendungen am Centre de tri zu Beetebuerg zortéiert an dann an ee vun néng Distributiounszentrumen uechtert Land verdeelt.[1] D'Liwwerung an d'Haiser geschitt meeschtens zu Fouss, mam Vëlo, mat engem Motorrad oder mat engem anere Gefier, wéi enger Camionnette, ofhängeg vun der Regioun an der Quantitéit, déi zougestallt muss ginn. Modern Technologië wéi GPS an digital Scanneren ënnerstëtzen d'Bréifdréier bei hirer Aarbecht.

Besonnesch a ländleche Gebidder spille Bréifdréier eng wichteg sozial Roll, well si dacks déi eenzeg Verbindung zu Zentrume sinn, déi méi wäit ewech leien. Nieft dem Zoustelle vun der Post iwwerhuele si och aner Aufgabe wéi zum Beispill d'Asammele vun de Bréiwer aus de Bréifboîten, an an e puer Länner och de Verkaf vun Timberen.

D'Aarbechtsbedéngunge vum Bréifdréier kënnen erausfuerderend sinn. D'meteorologesch Konditiounen, schwéier Laaschten an enk Zäitpläng prägen de Beruffsalldag. Gläichzäiteg gëllt de Beruff als systemrelevant, well en eng wichteg Infrastruktur fir d'Gesellschaft an d'Wirtschaft bereetstellt. Esou huet d'Aarbecht vun de Bréifdréier wärend der COVID-19-Pandemie zu Lëtzebuerg, an och a villen anere Länner, zu den essentiellen Aktivitéite gezielt, déi trotz Confinement hu misse weider gefouert ginn.[2],[3]

A ville Länner hunn d'Bréifdréier eng laang Traditioun a genéissen en héije Stellewäert.[3],[4] De Beruff huet sech mat der Digitaliséierung verännert, well manner Bréiwer geschéckt ginn, a gläichzäiteg d'Liwwerung vu Päck duerch den Onlinehandel massiv an d'Luucht gaangen ass. Dowéinst gëllt den traditionelle Beruff vum Bréifdréier, also der Persoun, déi just Bréiwer verdeelt, als um Ausstierwen.[5],[6]

Bei der Post Lëtzebuerg hunn 2023 iwwer 480 Bréifdréier ronn 380 Tournéeë pro Dag gemaach.[1]

Um Spaweck

Commons: Bréifdréieren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. 1,0 1,1 (fr)Emilie Dias, Un centre de tri, neuf centres de distribution. Le Quotidien (21. Dezember 2023). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
  2. Règlement grand-ducal du 18 mars 2020 portant introduction d’une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19; Artikel 5
  3. 3,0 3,1 (de)Léonore Porchet, Welche soziale Rolle kommt unseren Briefträgerinnen und Briefträgern zu?. Die Bundesversammlung — Das Schweizer Parlament (16. Juni 2020). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
  4. (fr)Roxane Léouzon, Des facteurs veulent offrir des services de vigilance aux personnes vulnérables. ledevoir.com (25. September 2024). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
  5. (lb)Jean Portante, Dem Auteur a Linguist Jean Portante säi Wuert vun der Woch ass déi Kéier Bréifdréier (Audio). 100komma7.lu (21. Oktober 2023). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
  6. (de)Wolf von Dewitz, Immer weniger Briefe: Der Beruf des klassischen Briefträgers wird aussterben. Tagesspiegel (6. Mee 2022). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.

Information related to Bréifdréier