D'Bréck vu Bollendorf ass eng däitsch-lëtzebuergesch Grenzbréck iwwer d'Sauer.
Si verbënnt Bollendorf am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz mat Bollenduerfer Bréck zu Lëtzebuerg.
Et ass eng Dunnebréck déi 1951 gebaut gouf, an eng al Boubréck vun 1863 ersat huet.
Et ass eng Stroossebréck a si mécht d'Verbindung tëscht der lëtzebuergescher N10 an der däitscher L1, an iwwer déi ewech, an der Uertschaft, mat der L3.
Hir Nopeschbrécke sinn d'Bréck vun Déiljen (flossop) an d'Bréck an der Weilerbaach (flossof).
Kuckt och
Literatur