Bonne vu Lëtzebuerg

Bonne vu Lëtzebuerg
Gebuer 20. Mee 1315 jul.
Prag
Gestuerwen 11. September 1349
Abtei Maubuisson
Doudesursaach Pescht
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Prinzessin, Mäzenin
Famill
Bestuet mat Jean II. vu Frankräich (5.8.1332–19.9.1349)
Papp Jang de Blannen
Mamm Elisabeth vu Béimen
Geschwëster Margréit vu Béimen, Anna vu Béimen, Karel I. vu Lëtzebuerg, Nikolaus vu Lëtzebuerg, Wenzel I. vu Lëtzebuerg, Jean-Henri vu Mieren
Kanner Charles V. vu Frankräich, Philippe II. vun der Bourgogne
Phantasiezeechnung vun der Bonne

D'Bonne (oder Bona; däitsch: Guta oder Jutta) vu Lëtzebuerg, gebuer den 20. Mee 1315 zu Prag a gestuerwen den 11. September 1349 zu Saint-Ouen-l'Aumône a Frankräich, war déi zweeteelst Duechter vum béimesche Kinnek Jang de Blannen a senger éischter Fra, der Elisabeth. Si war déi eelst Sëschter vum Keeser Karel IV.

Ier se sech mam franséische Kinnek sengem Jong Jean bestuet huet, war si virdru schonn, aus strategesche Grënn, fiancéiert ginn: mat 6 Joer mam Friedrich II. vu Meißen (1310–1349), duerno, wéi näischt draus ginn ass, mam Henri IV. vu Bar, dat awer och net zu enger Hochzäit gefouert huet.

Dofir haten d'Verhandlunge mam Kinnek Philippe VI. vu Frankräich 1328 Succès: Dem Jang säi Jong Karel gouf mam Philippe senger Duechter Blanche vu Valois verloobt a seng Duechter Bonne mam Philippe sengem Jong Jean vu Valois, dem spéidere Kinnek Jean II. (Jean le Bon, 1319–1364).

Den 2. Januar 1332 ass de Jang vu Lëtzebuerg mat senger Duechter Guta/Bonne zu Paräis ukomm. De 6. August 1332 huet d'Bonne (dat ewell 17 Joer hat) sech zu Melun mam Jean (deen der 13 hat) bestuet. Hie war de 17. Februar 1332 fir volljäreg erkläert ginn an hat d'Titelen "Herzog vun der Normandie", "Grof vum Anjou" a "Grof vum Maine".

Den 11. September 1349 ass si un der Pescht gestuerwen, ier hire Mann Kinnek gouf. Et gouf och Gerüchter, hire Mann hätt se, sief et aus Jalousie, sief et aus politesche Grënn, vergëfte gelooss.

Kanner

D'Bonne an de Jean hate vun 1336 u bannent zwielef Joer eelef Kanner, vun deenen der siwen et bis an den Erwuessenenalter gepackt hunn:

Bibliographie

  • Jörg K. Hoensch: Die Luxemburger - Eine spätmittelalterliche Dynastie gesamteuropäischer Bedeutung 1308–1437. Verlag W. Kohlhammer, Stuttgart 2000, ISBN 3-17-015159-2.
  • Ferdinand Seibt: Karl IV. - Ein Kaiser in Europa 1346–1378. 5. Auflage. Deutscher Taschenbuch Verlag, München 1994, ISBN 3-423-04641-4.
  • Heinz Thomas: Johann II. In: Joachim Ehlers, Heribert Müller, Bernd Schneidmüller: Die französischen Könige des Mittelalters 888–1498. Verlag C.H. Beck, München 1996, ISBN 3-406-40446-4.
  • Joseph Calmette: Die großen Herzöge von Burgund. Eugen Diederichs Verlag, München 1996, ISBN 3-424-01312-9.

Content Disclaimer

Informasi ini disarikan dari Wikipedia dan disajikan kembali untuk tujuan edukasi. Konten tersedia di bawah lisensi CC BY-SA 3.0. Kami tidak bertanggung jawab atas ketidakakuratan data yang bersumber dari kontribusi publik tersebut.

  1. The information displayed on this website is sourced in part or in whole from Wikipedia and has been adapted for the purpose of restating it. We strive to provide accurate and relevant information, however:
  2. There is no guarantee of absolute accuracy. Wikipedia is an open, collaborative project that can be edited by anyone, so information is subject to change.
  3. It is not intended to constitute professional advice. The content displayed is for informational and educational purposes only. For important decisions (e.g., medical, legal, or financial), please consult a professional.
  4. Content copyright. Wikipedia is licensed under the Creative Commons Attribution-ShareAlike License (CC BY-SA). This means that content may be reused with appropriate attribution and shared under a similar license.
  5. Responsible use. Any risk arising from the use of information from this website is entirely the responsibility of the user.