Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Oochener Bloe Steen ass aus dem ënneschte Karbon an huet en Alter vun 290 Millioune Joer.
Dat englescht Wuert bluestone bezeechent eng Zort Dolerit, aus deem z. B. verschidde Fielsbléck zu Stonehenge sinn.
De Bloe Stee vu Recht
De bloe Stee vu Recht koum aus de Steekaule vu Recht, enger klenger Uertschaft bei Sankt Vith am Oste vun der Belsch. Am Ufank goufen d'Steng iwwer Dag ofgebaut, a vun 1880 un a Galerien. Kuerz virum Éischte Weltkrich war näischt méi aus dem Gisement erauszehuelen an d'Steegrouf gouf zougemaach.
Zanter dem 18. Mee2007 ass d'Grouf fir Visiteuren op.[1]