|
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
De Bjarni Benediktsson, gebuer de 26. Januar 1970 zu Reykjavík, ass en islännesche Politiker.
Hie war vu Januar bis September 2017 a vun Abrërel bis November 2024 Premierminister vun Island.
De Bjarni[1] ass Jurist (Master of Laws vun der University of Miami School of Law).
Hien ass zanter 2003 Deputéierten am Althing. Vum Mee 2013 bis 2017 war hie Finanz- a Wirtschaftsminister. Tëscht Januar a September 2017 war hie Premierminister an enger Koalitioun mat de liberale Parteie Björt framtíð a Viðreisn. Dono war hie vum 30. November 2017 bis den 8. Abrëll 2024 nees Wirtschafts- a Finanzminister, an dono Ausseminister an der Regierung vu senger Nofollgerin Katrín Jakobsdóttir. Wéi déi zeréckgetrueden ass, fir bei de Presidentschaftswalen ze kandidéieren, krut de Bjarni nees hir Plaz. Hien ass awer schonn am November 2024 zeréckgetrueden.
Referenzen an Notten
- ↑ An Island ginn d'Leit traditionell mam Virnumm identifizéiert.