D'Atacamawüst ass eng Wüst a Südamerika. Se zitt sech laanscht d'Pazifikküst iwwer ronn 1200 Kilometer tëscht dem 18. an dem 27. Breeedegrad Süd, also ongeféier tëscht de Stied Tacna am Süde vum Peru a Copiapo am Norde vum Chile.
Si ass eng vun den dréchenste Landschafte op der Äerd. An hirem zentrale Beräich gëtt et zënter op d'mannst 15 Millioune Joer en hyperarid Klima. Et gëtt Plaze wou zënter Joerzéngte keng eng Drëps Ree registréiert gouf. An der Atacamawüst fällt fofzegmol manner Ree wéi am Death Valley an den USA. De südleche Beräich vun der Atacama, tëscht dem 24. an dem 27. Breetegrad, war bis um Ufank vum 21. Joerhonnert komplett onbesidelt.
D'Atacama läit am Reeschiet vun den Anden; den Ostwand ass dréchen a bréngt keng Néierschléi. No bei der Küst verhënnert eng kal Stréimung am Mier, den Humboldtstroum, datt Reewolleken entstinn, sou datt, anescht wéi méi am Norden oder Süden, kee "Steigungsreen" fällt. Duerch dat kaalt Mierwaasser ass et an der Atacama kill a besonnesch laanscht d'Küst dacks niwweleg. Duerch d'Auswierkunge vum Klimaphenomeen El Niño, bei deem den Humboldtstroum zeréckbleift, kënnt et all 6 bis 10 Joer zu staarkem Reen. Doduerch stinn da fir kuerz Zäit, vill Planzen an der Wüst an der Bléi. Bei besonnesch staarke Schliet kënnt et geleeëntlech zu Äerdrëtsch an Zerstéierunge vun Infrastrukturen (Stroossen, Leitungen, Gebaier).
D'Temperaturen an der Wüst variéiere staark tëscht 30 °C am Dag a bis zu –15 °C an der Nuecht.