Den Antonio Vagnozzi, gebuer 1950, ass en italieeneschen Amateurastronom an Asteroidenentdecker.
Hie benotzt fir seng Observatiounen de Santa Lucia Stroncone-Observatoire. Tëscht 1993 an 1999 huet hie 45 Asteroiden entdeckt.[1].
Ausser senger Aarbecht mat Asteroiden, sicht hien zanter Jore systematesch no Supernovaen an ass Matentdecker vun der Supernova SN 1996ae.
Den Asteroid (7529) Vagnozzi gouf no him genannt.
Literatur
Referenzen
- ↑ Minor Planet Discoverers