Déi 46. Editioun vum Amstel Gold Race gouf 2011 de 17. Abrëll op enger Streck vun 260,4,4 km tëscht Maastricht an dem Cauberg zu Valkenburg gefuer.
Et war déi 10. Course um Kalenner vum UCI World Tour 2011.
De Belsch Philippe Gilbert, konnt d'Course fir d'zweet hannerenee fir sech entscheeden an dat mat enger decisiver Attack am Stouss vum Cauberg, just virun der Arrivée.
D'Lëtzebuerger an der Course waren den Andy an de Fränk Schleck déi als 11. respektiv als 22. agelaf sinn, souwéi de Laurent Didier deen d'Course net op en Enn gefuer ass.
Klassement