|
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller Alphonse Majerus. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Alphonse Majerus.
|
Den Alphonse Majerus, gebuer de 26. Mäerz 1913, a gestuerwen den 28. Mäerz 2001, war e lëtzebuergesche Foussballspiller, dee bei der Jeunesse Esch ënner Vertrag stoung.[1]
Den 21. Mäerz 1937 an den 30. Januar 1938 huet den Alphonse Majerus fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[2]
Säin Zwillingsbrudder Victor war och Foussballspiller bei der Jeunesse.
Referenzen
- ↑ Den Alphonse Majerus op der Websäit Weltfussballde
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Alphonse Majerus op der Websäit vun European Football