Den Alphonse Arend, gebuer den 8. Juni 1907 zu Nidderwolz, a gestuerwen de 7. Dezember 1987 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Auteur, Lycéesprofesser a Literaturkritiker[1].
1945 huet hien d'Amitiés françaises gegrënnt a war bis 1951 hire President[1].
Vun 1957 bis 1972 war hie pedagogesche Conseiller a verschiddene Ministèren[1].
Vun 1976 bis zu sengem Doud war hien de President vun der Société des écrivains luxembourgeois de langue française[1].
Hien ass de Papp vun der Molerin Renée Arend.
Publikatiounen (Auswiel)
- La poudre aux yeux: contes et récits, 1945
- Défense et illustration de l'écrivain luxembourgeois de langue française, 1952
- Alain-Fournier et la naissance du "Grand Meaulnes", 1954, Edition M. Didier Bruxelles
- Reflets 1956, Éditions Saint Paul
- Luxembourg, mille ans d'imprégnation française, 1963
- Reflets II, 1966, Éditions Saint Paul
- Ernest Ludovicy / Alphonse Arend, 1978
- La Littérature française du Luxembourg: par Alphonse Arend, Edition Imprimerie Groeninghe S.C., Courtrai
Gielercher
Literatur
- 1990, Alphonse Arend, an: Lëtzebuerger Sonndesblad Jg. 123(1990), Nr. 29, p. 16-17
- Georges Als, 1997, Alphonse Arend (1907 - 1987): au service du génie de la culture française, an: Nos cahiers: Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur - Luxembourg Joër 18 (1997), N° 4, p. 9-24
- Elisabeth Winkel, 1997, En souvenir du professeur Alphonse Arend, an: Die Warte. - Luxembourg Année 50 (1997), n° 38 = n° 1831 (18. Dezember), p. 4
Kuckt och
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 1,3 Den Alphonse Arend am Luxemburger Lexikon Säit 19
- ↑ Verleihungen von Dekorationen im Innenministerium am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1977 op der Säit 7 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 1. November 2022