|
Dëse Mathematiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
|
Eng algebresch Struktur ass an der Mathematik en net eidelen Ensembel mat enger oder méi Operatiounen (wéi z. B. Additioun oder Multiplikatioun), déi gewëssen Axiomer erfëllen (z. B. Assoziativitéit a Kommutativitéit).
Gruppen, Réng a Kierper si fundamental Beispiller vun algebresche Strukturen.
Geleefeg algebresch Strukturen
Strukture mat enger Operatioun:
- Hallefgrupp: en Ensembel mat enger assoziativer Operatioun.
- Grupp: eng Hallefgrupp mat engem neutralen Element a mat Inversen.
- Abelsch Grupp: eng kommutativ Grupp.
Strukture mat zwou Operatiounen (Additioun a Multiplikatioun):
- Rank: eng additiv Grupp mat enger assoziativer an distributiver Multiplikatioun.
- Kommutative Rank: e Rank mat kommutativer Multiplikatioun.
- Queeschkierper: e Rank wou all Elementer ausser 0 invertéierbar sinn.
- Kierper: e kommutative Queeschkierper.
Strukture mat zwou Operatiounen (Infimum a Supremum):
Strukture mat zwéin Ensembelen:
- Module: eng additiv Grupp op der e Rank operéiert.
- Vektorraum: e Module deem säi Rank e (Queesch)kierper ass.
- Algebra: e Vektorraum mat enger bilinearer Multiplikatioun.
Um Spaweck