A senger Jugend hat hien e puer Kaméidisstécker geschriwen: Amor costante (1536), L'Alessandro (1544) an Ortensio. Er übersetzte Dem Ovid seng Metamorphosen hat hien iwwersat, geneesou wéi dem Aristoteles seng Poetik an d'Rhetorik. Vun him stamen honnert Sonetter (Cento Sonetti, 1549 publizéiert[1]), an aner Gedichter. Zu Siena war hie Member vun der Accademia degli Intronati.[1][2]
1540 gouf hie Professer vun der Philosophie zu Padua, a sengem Traktat Della grandezza della terra et dell'acqua (Venedig, 1558) ass hie géint Meenung vum Aristoteles a vum Ptolemaios, datt d'Waasserfläch méi grouss wéi d'Landmass op der Äerd wier.[3]
In mechanicas quaestiones Aristotelis, paraphrasis paulo quidem plenior eivsdem commentarivm de certitudine mathematicarum disciplinarum, Venedig 1565 (Digitalisat)