Den Albertkanal ass e Kanal fir Schëffer an der Belsch.
En huet eng Längt vun 130 km a ka vu ganz grousse Schëffer am Rhäingabarit, Klass CEMT VIb wat Schëffer vun enger Längt vun 185 m bis 195 m an enger Maximalbreet vun 22.8 m entsprécht, befuer ginn.
De maximalen Déifgank ass 4,5 m an d'maximal fräi Héicht ënner de Brécken ass 8.8 m.
Um Kanal gëtt et 6 Schleisen déi am Ufank fir Schëffer mat engem Tonnage vun 2000 Tonne gebaut gi waren. 1997 ass en ausgebaut ginn op en Tonnage vun 9000 Tonnen.
All Joer ginn ongeféeir 40 Milliounen Tonnen drop transportéiert.
Zu Léck am Hafen ass de Waasserstand 60 m iwwer dem Mier. Am leschte Baseng zu Antwerpen, am Becken Lefèbvre ass e 4.25 m iwwer dem Mier.